Tom: Den Ufank war schwach mee zum Schluss hu ma eis gerappt an carrément ofgerappt!
Oli: ech hunn et iwer choo fond dass d'Meedecher ons ugefeiert hun; doweinst hun mir gewonn.
Luca d.: Ech hat geduet mir hätten verlur well ma 20 Punkten hanen waren mee mir hun et awer gepakt ze gewannen
Fabio: Am Ufang hun ma ganz gutt getraf zumols Dreier. Mee den leschten Match hun ma dei eischt Halschent deck verkakt awer an der zweeter hunn ma en Comeback gepackt an gewonnen.
Max: Den Ufank wor einfach einfach nemmen schlecht mee dun, mat all der Motivatioun dei mer kruten, hunn mer einfach nemmen ofgerappt an dat Spiel gewonnen.
Cola: And Max is back. No engem schlechten Ufang geint Klatovy, kennt den Krecké ran an boum! Walfer ass rem am Spill. 2ten Match: vum Horror-Movie zum Freedefeier. An da Halbzeit 8-27 an mat Super Dumont den 3 dreier en nohm aaneren geklackt huet an King Vujakovic den einfach... GÖTTLECH staark ass, seguer mei staark wei den Zeus, hu mir eisen retard rem opgehol! -> 58-51.
Mir all denken un den Christian den leider net mat konnt kommen.
Vivi: Den Niveau passt ganz gudd zu eisem, dass net ze schweier oder ze einfach, emmerhin wor den leschten Match zimlech haart. Mer hun guer naicht getraff par rapport zum eischten Match. Mer louchen 20 Punkten hannen. Zum Gléck hun mer op Zänn gebass an bis zum Schluss gekämpft an och gewonn.
Philipp: spannendes Spiel. Einfach kurz und knackig. Grüß Gott.
Salut Christian, on pense et on joue pour toi!!
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen