Hei melle mir eis lo eng leschte Kéier vu Wien. Mir setzen am Bus fir heem a blécken zreck op eng flott Woch mad vill Erfolleg. Wat de Basket ugeed, mee och an onser gemeinsamer Fréizāit, haate mir vill Spaß. Eis Matcher hu mir alleguer zimlech déitlech gewonn. No enger wierklech einfacher Gruppephase goufe mir dun aver e bessi méi gefuedert. Haut haate mir dann och eis Final, bei der an der Haal eng Bommestëmmung war (merci un all déi di eis ugeféiert hun) an hun dun, genau wéi d'Scolairen d'Coupe mad heem geholl. Zum Schluss kann ee soen, ed war eng déck cool Woch an eng super Erfahrung, an ech mengen Walfer gett no deem Tournois net mi su schnell vergiess:)
Āer Henger
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen