Samstag, 30. März 2013

Wien Basketball Osterturnier 2013

Hei en klengen Resumé iwwert eng mini Woch geprägt vun Emotiounen an gudde Leeschtungen: eis 3 Walfer Ekippen sin no enger 13-stënneger Fahrt zu Wien gudd ukomm. Den eischten Androck deen mer vun eisem Schloof Domicile kruuten as negativ ze bewärten op Grond vun onhygienegen Wäschreim an weineg Plaatz an den Klassemzemmer. Et waar awer ouni weider Probleem et do auszehaalen vu que dass een permament an enger erfreelecher Acccompagnie entouréiert woor an d'Harmonie tëscht den Spiller ennert sech impeccabel gepasst huet. Owes as och nach gudd gelaacht an gegeckst gin. an den folgenden Deeg koum dess eischter manner fier well all eenzelenen Spiller bis un den Rand vu sengen Grenzen gang as. Den Kaméidi an der Nuecht waar domadder reduzeiert. mier kruuten niewt deem Gebai woumer logéiert hun, nach eng Kaart iwwereecht mad daer mer gratis all öffentlich Transportmettel an eiser Emgeigend konnten huelen. Den Tram an d'U-Bahn hun mer am meeschten geholl fier op eis Matcher an op aaner divers Plaatzen ze gelaangen. Et waaren terribel vill Haalen dei eis zur Verfügung gestallt goufen dei net op ongelgenen Endoit'en loungen mais dei och net en Kaatzesprong entfernt wooren. Moies opstoen waar meeschtens eisen greissten Porbleem. Mier haaten oft mad enger grousser Middegkeet ze kämpfen dei am Laaf vum Tournoi eng grouss Ploo gouff. Kleng Energie Kanounen wei Red Bull an Schockela hun eis weiderhin op den Been gehaal am eis iwwert t'Matcher fit gehaal hun. D'Iessen ass an der ,Stadthalle' ageholl gin mais dess wor leider just selten den Fall well mer oft aaner Fast Food oder Restaurant'en opgesicht hun an d'Iessen an der Stadthalle oft ze wenschen iwwereg gelooss huet. D'Leschtung vun den 3 Kategorien as jo duerch dei masseg Kommentarer iwwert d'Matcher bestätegt gin:-) Mad 2 eischten Plaatzen an 1 gudder 3 Plaatz gett lo d'Heemreess ugetrueden mad engem gudden Gewessen an nei Kenntnisser iwwert Internationaler Basket an enger klenger Vierfreet op en Retour next Joer op Wien.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen